Biedem & Trapen

WAT MIR MAACHEN

Biedem

Designbeläg si charakteristesch. Eng grouss Auswiel un Designoptiken, Formen, Formater, … fir kreativ a flexibel Buedemléisungen.

Déi bescht Léisung, fir Plättercher net erausrappen ze mussen, ass eng Egaliséierungsschicht driwwer ze maachen an dann en Designbuedem fir ze pechen oder anzeklicken driwwerzeleeën. Esou huet een en neie Raum ouni vill Knascht.

Teppecher

Grouss Faarfauswiel – op der Rull oder als Dall liwwerbar, fir de Wunn- a Bürosberäich.

WAT MIR MAACHEN

Trapen

Dir géift Är Trap gär nei usträichen an Ärem Wunnstil upassen, déi wonnerschéin Holzmaserung mat engem fleegenden Ueleg besonnesch betounen oder déi al Plättercherstrap duerch e modernen Designbelag ervirhiewen?

Mir weisen Iech an e puer Schrëtt, wéi Dir Är Trap erëm zu engem richtege Bléckfang maacht.

Dat selwecht gëllt fir den Handlaf an de Palier.

DÉI JÉNGST PROJETEN

Kuckt Iech eis
Neist Aarbechten un

D'Qualitéit vun den Aarbechten entsprécht den héchste Standarden. Hanner all Detail stieche Suergfalt a Prezisioun. Mir si Meeschter an eisem Fach a sti fir impeccabel Resultater an zefridde Clienten.